mardi 24 octobre 2017

Eischt Foto'en vun der 9. Journée de l'Amitié online

Den SCR ass desen WE op zwou Coursen geschwomm.

Den SCR ass desen WE op zwou Coursen geschwomm.

Zu Arel sin 400m NL geschwommen gin wou eis Schwemmer sech ganz gudd geschloen hun a vill Beschtzeiten geschwomm sin.

Eis Kleng (2005 a mei jonk) sin zu Wolz beim "Metteg fir dei Kleng" geschwomm wou Szwarc Klaudia opgepasst huet. Och si hun sech ganz gudd geschloen an den Czapor Léon konnt sein Joergang gewannen.

Och eng Triathletin dei bei eis traine'ert huet e gudd Resultat gemach an ass am Aquathlon an der Coque dat fenneft gin an war dei escht Letzebuergerin.

Monique

 

 

Resultater vun Ettelbréck online

Eis Schwemmerinnen a Schwemmer waren de Weekend zu Ettelbreck am Asatz a fir dei escht Course vun der néier Saison ass et ganz gudd gaangen.

Eis Schwemmer sin zimlech vill geschwomm an hun sech ganz gudd aus der Affär gezun.

D'Sydney, de Jules , de Bob , de Jacques an och eis ganz jonkt Luna a Chiara hun nees eng Réi vu Medaillen mat heem geholl - weider esou!

Bei dene ganz Jonken ass nach vill Arbecht ze maachen ier se op engem Niveau vun engem Sydney oder engem Jules sin ... wann se regelméisseg am Training sin wärt dat schons nach klappen.

Besonnech gefreet hu mer eis och iwwert d'Präsenz vum Dennis - et war emol erem eng richteg course no enger laanger Saison mat vill Krankheet.

D'Resultater vun Ettelbréck fannt Dir hei.

 

Nei Kaapen vir den SCR

Ab der nächster Course zu Ettelbréck mussen d'Schwemmer an d'Supporter vum SCR sech emgewinnen, well den SCR schwemmt net méi an deenen aalen groen Kaapen, mais an deenen néien schwarzen!

Dréckt eis d'Daumen vir dass eis Schwemmer mat deenen néie Kaapen mindestens grad esou séier sin, wéi mat deenen aalen!

 

Klammen zu Heiderscheid

Eischt Foto'en vum CIJ MEET online!

8ème Journée de l'Amité

Update: Néi Foto'en vum Wanterchampionnat sin online

 

Merci dem Monique an dem Christiane vir d'Foto'en!

All déi aaner déi nach Foto'en hun - schéckt mer se w.e.g. da setzen ech se online!


Interessant Info'en iwwert d'Championnat gin et hei.

Foto'en stin och nach hei.