mardi 24 octobre 2017

Présentation

 

          

DE SWIMMING CLUB RÉIDEN

 

 

Gegrënnt gouf de Swimming Club Réiden 1972.Net méi spéit ewéi 1973 ass de Schwammclub SCR dunn an d’FLNS (Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage) opgeholl ginn.

Dem SCR seng Presidente waren de WERSANT John , de WOLFF Jhemp , den ZEPP Claude , de REISER Marco , d’SAUBER Michèle an aktuell de SCHMITZ Roger.

Beim SCR ass ëmmer ganz gutt Jugendaarbecht geleescht ginn, ma oft sinn d’Schwëmmer da gewiesselt, well et schwiereg war fir virunzekommen, wat d’Trainingsméiglegkeeten ubelaangt. Leider hu mer och vill Schwëmmer verluer, ewéi d’Réidener Schwämm zou war, a mir keng fest Schwämm hate fir ze trainéieren an e Schwammfest ofzehalen. Deels si mer op Arel gaangen, deels op de Geesseknäppchen, deels an d’Coque. Haut geet et besser a mir trainéiere souwuel am Lycée Atert zu Réiden, wéi och um Geesseknäppchen an der Stad.

Eise Schwammclub besteet aus:

  • der Schwammschoul (Grupp 4+5), wou de Grondstee geluecht gëtt fir propper ze schwammen, ze dauchen an och sprangen ze léieren. Si hunn 2 mol 1 Stonn Training an der Woch.
  • de Compétitiounsequippen (Grupp 1+2+3), wou d’Schnellegkeet an d’Feinheete vun deenen eenzelne Stiler (Brasse, Rëck, Papillon, Crawl) trainéiert ginn. Si trainéieren 3 bis 6 Mol zwou Stonnen an der Woch. Duerno kënnt dann nach Kraafttraining derbäi. Fir dës dräi Equippen ass och an der Vakanz Training, deelweis normalen Training an deelweis a Form vun engem Schwammstage am Ausland, wou intensiv 2 Mol den Dag am Waasser a wéinstens eng Stonn u Land trainéiert gëtt.

Et sinn och dës dräi Equippen, déi de Club no baussen am meeschte vertrieden. Wéinstens all zweete Weekend (samsdes, sonndes oder vu freides bis sonndes) si si iergendwou hei am Land oder och am Ausland op engem Schwammfest an moosse sech mat Schwëmmer aus anere Schwammveräiner a probéieren natierlech, hir Zäiten ze verbesseren.

Obwuel den SCR éischter e klenge Club war an ass, hate mir bal ëmmer Schwëmmer, dei am Kader vun der FLNS waren an eist Land vertrueden hu bei:

  • Weltmeeschterschaften (Tom STOLTZ)
  • Europameeschterschaften (Tom STOLTZ)
  • Jugendeuropameeschterschaften (Frank MAUSEN, Mike BOURG, Nathalie ROGGEMAN)
  • Spiller vun de klenge Länner (Nathalie ROGGEMAN)

Och ginn e puer national Rekorder iwwer 400m, 800m a 1500m Freistil op de Kont vum SCR an zwar vum Tom STOLTZ, deen aktuell nach ëmmer de Rekord iwwer 1500m Freistil mat 16.11.67 am 50m Baseng hält, an dat elo zënter 22 Joer.

Och bei de Meilleures Performancen war den SCR ëmmer gutt vertrueden duerch d’ROGGEMAN Nathalie am 50m Brasse fir 15 Joer, de MAUSEN Tom am 200m Brasse fir 13 Joer an den ZEPP Patrick am 800m an 1500m Freistil fir 18 Joer.

Aktuell ass et de SAUBER Bob, deen iwwer 800m an 1500m Freistil fir 14 Joer Beschtzäit huet.

Et sinn ëmmer erëm Schwëmmer vum SCR am Kader vun der FLNS vertrueden, sou wei d’BAUM Sydney, den ZEPP Patrick, d’PICCO Lisa, d’HAMM Jil an d’MEYS Elise.

Aktuell sinn am Nationalkader vun der FLNS:

  • Juniors B : SCHMITZ Jules 1999
  • Jeunesse A : SAUBER Bob 2001, SCHMITZ Jacques 2002

Aktuell sinn am Federalkader vun der FLNS:

  • Juniors: GLODT Kelly 2002
  • Jeunesse: MOREAUX Maxime 2002, MULLER Olivier 2001 STRENG Geoffrey 2002, HAAG Nora 2004

Si vertrieden den SCR souwuel national, wéi och international mat ganz gudde Resultater.

Aktuell ass de SAUBER Bob Landesmeeschter iwwer 1500m Freistil am 25m an am 50m Baseng. De SCHMITZ Jules ass Vizemeeschter iwwer 200m Papillon an 100m Papillon. De SCHMITZ Jacques ass oft den éischten a senger Joreskategorie, esou wéi och d’GLODT Kelly.

Och sinn ëmmer erëm jonk Schwëmmer, déi op de Sichtigungslehrgang geruff ginn oder aktuell un de Clinic deelhuelen.

De Patrick ZEPP war an ass den eenzege Lëtzebuerger, deen Fräiwaasserschwamme gemaach huet, dat heescht, dobaussen an engem Séi oder am Mier 5, 10 oder 25 km ze schwammen. Hien ass 2009 an 2010 op d’Jugendeuropameeschterschaften am Fräiwaasser iwwer 5km gaangen.

Direkt hannendru kommen e puer Schwëmmer, déi, wa si esou virun trainéiren an d’Schoul et zouléisst, sech nach gutt eropschwamme kënnen.

Och hat den SCR e Juge-Arbiter, de Claude ZEPP, dee vun der LEN als Starter fir Europameeschterschaften an Jugendeuropameeschterschaften agesat gouf. Den SCR huet de Moment 8 Jugen, vun deenen de Roger Schmitz Juge-Arbiter ass an op der Lëscht vun de FINA-Starter figuréiert. Hie gouf 2015 vun der FLNS als „Offiziellen vum Joer“ geéiert.

Eis Organisatiounen iwwer d’Joer:

  • d’Schwammfest am Fréijoer,d’Journée de l’Amitié
  • de Swim4Good, eist Schwammfest fir de gudden Zweck
  • den Trophée de l’Avenir, deen den SCR fir d’FLNS organiséiert

 

November 2016